← zur Suche

Educateur gradué oder Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d Meederchers-Wunngrupp Maison Cales CDI 7 - TX-73898877

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.

Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Jugendlechen leeschten? Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.

Fir eis Wunngrupp Maison CALES , déi weiblech Jugendlecher tëscht 12 an 18 Joer, an engem Wunnquartier an der Staat Lëtzebuerg begleet, baue mir eng nei Equipe op.

Dës Funktioun bitt Iech d'Méiglechkeet, Är fachlech a perséinlech Kompetenzen aktive anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an zesumme mat engem motivéierten Team d'Jugendlech op hirem Wee ze méi Autonomie an enger positiver Entwécklung ze begleeden.

Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.

Är Aufgaben :

Matwierken um Opbau an der Weiderentwécklung vun der Wunngrupp

Schafe vun engem strukturéierten, sécheren a pedagogesch begrënnte Kader am Team

Referenzerzéier/in vun enger oder zwou Jugendlechen

Ëmsetzung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Begleedung

Deeglechen Encadrement vun de Jugendlechen

Aktiv Participatioun un Teamreuniounen, Supervisiounen a Formatiounen

Ënnerstëtzung vun der Autonomie an der perséinlecher Entwécklung vun de Jugendlechen

Wat eis ënnerscheet

Mir investéieren an Är Entwécklung

Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, Kanner- a Jugendschutz, SOP, ...)

Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen

Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesstem

Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung

Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung

Strukturéiert Qualitéitsmanagement

Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung

Weiderentwécklung vu pädagogesche Konzepter a Methoden

E professionellen a strukturéierte Kader

Zesummenaarbecht an engem engagéierten Team

Reegelméisseg Supervisiounen

Interdisziplinären Austausch mat verschiddene Fachberäicher

Kloer Strukturen a professionell Begleedung

Eng Missioun mat Wierkung

Begleedung vu Jugendlechen a komplexe Liewenssituatiounen

Ënnerstëtzung vun hirer Entwécklung an Autonomie

E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen

Äre Profil :

Unerkannten Diplom als Éducateur gradué oder Infirmier psychiatrique, inklusiv den erfuerderlechen Autorisatioune bzw. Formatiounen

Flexibilitéit fir Dag- a Nuetsschichten

Teamgeescht an Interessi u multidisziplinärer Zesummenaarbecht

Strukturéiert, reflektéiert a verantwortungsbewosst Aarbechtsweis

Ressource-, léisungs- a systemesch orientéiert Approche

Führerschäin B

Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel

Konditiounen

CDI 75 %

Remuneratioun laut CCT-SAS (C6/C5)

Bestoend extra-legal Virdeeler

Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?

Da freeë mir eis op Är Kandidatur!

Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:

Motivatiounsbréif

Liewenslaf mat Foto

Kopie vum Diplom

Autorisation d'exercer (wann zoutreffend)

Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

zur Bewerbung →
Besuchen Sie auch

BM Invest GmbH, Domplatz 40, D - 48143 Münster